REconomy Luxembourg
Transitioun zu Lëtzebuerg - REconomy
RTL |Update:12.10.2020 08:27
Mir hunn et all erlieft am Fréijoer: Stied ouni Autoen, eng Loft déi esou propper war wéi nach ni, keng Fligeren um Himmel a Villercher déi haart gesongen hunn. Et hat een Zäit fir d'Famill a fir kreativ ze sinn, Eppes Neies ze léieren, oder am Gaart ze schaffen. Natierlech ass eng sanitär Kris net d'Aart a Weis wéi een dohinner komme sollt, ma elo wou vill Leit e bëssen de Goût vun där Welt kritt hunn, hu mer awer vläicht e wichtegt Fundament wou mer drop opbaue sollten, Michèle Schons?

D'Erausfuerderung besteet doranner, eis d'Gesellschaft, d'Noperschaften an d'Entreprisen virzestellen an ëmzegestalten, andeems een déi lokal Economie stäerkt, méi zesumme schafft an de Wandel vun enger sozial gerechter, post-fossiller nohalteger a glécklecher Zukunft ënnerstëtzt. De REconomy Projet vum CELL, dem Center for ecological learning, hëlleft dobäi fir Verännerung erbäizeféieren a fort vum "Busines-as-usual" Modell ze kommen. Den Eric Weirich vun Cell erkläert:
Mir sinn haut 6 Leit déi an der REconomy Equipe schaffen, an hunn eng Rëtsch Projete lafen, wei zb Reconomy Quartier Esch, wou mer Bierger begleeden, déi Projeten hunn a bei der Iddi vun der Transitioun aschreiwen, an en zweete, wou mer Entreprise begleeden, zu méi nohaltege an ëmweltfrëndleche Praktiken, wéi Mobilitéit, Offallentsuergung, oder Energieversuergung.
Hei kann een iwwer verschidde Weeër matmaachen Zu Esch gëtt et e ganzt Gebai wat der Iddi REconomy dediéiert ass, de "Facilitec", eng al Schräinerei, déi renovéiert gouf, wou een eng ganz Rei Aktivitéiten a Projeten erëmfënnt.
Zum Beispill "Cobees", eng Cooperative, déi eng gemeinsam Struktur offréiert a Leit fir fräischaffend Leit am Beräich vun der Nohaltegkeet zesummebréngt, et ass eng Plaz wou ka geschafft ginn, wou awer och eng juristesch Persoun dran ass. D'"Cobees" ass eng Cooperative Multimétier an hëlt de Leit Saachen wei Kommunikatioun a Kontabilitéit of, esou dass d'Entrepreneuren sech op hire Business konzentréiere kennen.
De REconomy Projet ass en Deel vum Transition Hub Lëtzebuerg, engem Mouvement, dee versicht géint Problemer wéi Klimawandel, héich Energiepräisser, ekonomescher Onsécherheet an Ongläichheet unzegoen, Eppes wat just an déi richteg Richtung lafe kann, wann d'Mënschen sech austauschen a gemeinsam un engem Strang zéien:
Wann net genuch Leit dru gleewen, dass et méiglech ass, eng Ekonomie esou ëmzestellen, dass de Mënsch an d'Ëmwelt am Mëttelpunkt stinn, dass nohalteg kann ëmgebaut ginn, da kann esou eng Iddi leider näischt ginn. Et wär schéin wa méi Leit an nohalteg Beruffer investéieren, -et héiert ee jo ganz vill dass d'Leit keng Loscht méi op d'Hamsterrad hunn-, dass méi Mënschen einfach de Courage hunn, fir sech am Beräich vun der REconomy ze lancéieren. Et géing een sech och méi Ënnerstëtzung vun der Regierung wënschen, fir déi Leit déi hiren Job wiesselen-, an sech professionell nei orientéiere wëllen. Donieft géing een sech wënsche méi Unerkennung ze kréien, dass méi dru gegleeft géing ginn, dass mer en Deel vun der Léisung sinn, an eng besser Welt méiglech ass.
REconomy denkt anescht iwwer Ekonomie no an ass op de solidaresche Besoinen, dem lokale Kreeslaf, an dem Respekt fir d'Ëmwelt baséiert an e Beispill dofir wéi et iwwerall sollt sinn.